Op den Inhalt sprangen

Kannerparadis Walfer

Vu Wikipedia

D'Walfer Kannerparadis (oder Paradis des enfants Walferdange) war den Numm vun zwou ënnerschiddleche Plazen am Hang vum Sonnebierg an der Rue Mercatoris zu Helsem an der Gemeng Walfer.

Dat éischt Kannerparadis (1957-1961)

[änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt Kannerparadis gouf Enn den 1950er Joren an engem Privathaus um Bëschrand um Enn vun der Rue Mercatoris zu Helsem gegrënnt. D'Famill Ferron, déi do gewunnt huet an déi deemools een Elektrikerbuttek an der Stad hat, hat festgestallt, datt vill Sonndesspazéiergänger de Sonnebierg eropgetrëppelt sinn an uewe midd an duuschtereg waren. D'Famill huet d'Terrass vum Haus vergréissert a sonndes Gedrénks do zerwéiert. D'Kanner konnten d'Ponye vun der Famill kucken an op Klunschele spillen, wärend déi Erwuessen op der Terrasse gerascht hunn. Am Volleksmond gouf aus dëser Plaz d'„Kannerparadis“.

Esou koum d'Iddi op, ee Fräizäitpark op der anerer Stroossesäit opzemaachen.

Dat zweet Kannerparadis (1962-1982)

[änneren | Quelltext änneren]

Dat zweet Walfer Kannerparadis ass ugangs den 1960er Joren opgaangen. Et gouf e Schlittenhiwwel, eng Rutschspiral, en elektreschen Tram, e richtegt Unterseeboot a vill aner Spiller an Attraktioune fir déi Kleng. Haaptmagnéit fir déi Erwuesse waren awer e Béiergaart, op deem sonndes oft Concerte waren, an e Chalet mat Restauratioun.

Enn den 1970er Jore gouf zesumme mat der Wantersportfederatioun eng Schipist ugeluecht. Dës huet awer just e puer Joer laang funktionéiert. 1982 war déi lescht Saison, an där de Fräizäitpark seng Dieren ophat.

Haut gehéiert den Terrain Privatleit.

De Stater Tram Nr 33 am Walfer Kannerparadis

[änneren | Quelltext änneren]

De leschten Tram, deen op der Streck tëscht der Stad a Walfer gefuer ass, gouf vun de Proprietäre vum Walfer Kannerparadis kaaft an huet do laang Joren als Self-Service-Bar gedéngt. Et huet sech ëm d'Motrice TVL 33 an den Unhänger TVL 102 gehandelt.

Virum Tram gouf et e klengen, elektreschen Tram, mat deem d'Kanner konnte matfueren.