Op den Inhalt sprangen

Old Shatterhand (Film)

Vu Wikipedia
Old Shatterhand
Film
Produktiounsland Italien,
Frankräich,
Däitschland
Première 1964
Faarf Faarweg
  Eastmancolor
Format 2,35:1
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Hugo Fregonese
Dréibuch Ladislas Fodor
R. A. Stemmle
Fotografie Siegfried Hold
Musek Riz Ortolani
Schnëtt Alfred Srp
Produzent Artur Brauner
Produktiouns-
gesellschaft
Central Cinema Company (CCC)
Serea Film
Critérion Film
Schauspiller
Lex Barker als Old Shatterhand
Pierre Brice als Winnetou
Daliah Lavi als Paloma
Guy Madison als Bradley
Ralf Wolter als Sam Hawkens
Gustavo Rojo als Bush
Rik Battaglia als Dixon
Kitty Mattern als Rosemary
Charles Fawcett als Generol Taylor
Mirko Ellis als Joe Burker
Bill Ramsey als Timpe
Nikola Popović als Sheriff Brandon
Alain Tissier als Tujunga
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Old Shatterhand ass en däitsch-franséisch-italieenesche Western vum Hugo Fregonese aus dem Joer 1964. , En inspiréiert sech un de Karl-May-Romaner, an d'Haaptrolle gi vum Lex Barker a vum Pierre Brice gespillt.

Ëm wat geet et am Film?

[änneren | Quelltext änneren]

Nom Iwwerfall op eng Ranch ginn och zwéin doudwg Apache fonnt, wat drop hindeit, datt dës d'Friddensofkommes gebrach hätten. Den Old Shatterhand, dem Apachenhäupling Winnetou säi Bluttsbrudder, fënnt eraus, dass Banditten, déi op Land aus sinn, hannert de Muerde stiechen, a versicht hunn, en neie Krich tëscht den Siidler an den Apachen ze provozéieren. D'Spur féiert bis an d'Fort vun der Kavlerie...

Nom Succès vum Harald Reinl senger Verfilmung vum Schatz im Silbersee, déi vum Horst Wendlandt produzéiert gouf, wollt deem säi Konkurrent Artur Brauner och vun der Popularitéit vun de Karl-May-Romaner profitéieren. Well de Wendlandt d'Rechter op de Romaner hat, huet de Brauner eng nei Geschicht ronderëm d'Personnagen Old Shatterhnd a Winnetou schreiwe gelooss. Si goufe wéi de Schatz vum Lex Barker a vum Pierre Brice gespillt, an d'Baussenopname goufen och a Jugoslawien gedréint.

filmportal.de

]